Europa Aktuell
Lockerung vu Reegele fir Gentech-Planzen
4 min
An der Europäescher Unioun kéint et an Zukunft méi einfach ginn, genetesch verännert Liewens- oder Fuddermëttelen ze verkafen. D'Europäesch Kommissioun proposéiert d'Reegelen ze lockeren. De Bauere stéingen duerch nei Gentechnik-Prozedure méi widderstandsfäeg Planzen zur Verfügung, déi manner Pestizide brauchen - versprécht de Vizepresident vun der Kommissioun, de Frans Timmermans. Kritiker soen, datt am Contraire den Asaz vu Pestizide weider kéint an d'Luucht goen.
D'Danièle Weber informéiert iwwer eng Propos vun der Kommissioun, déi warscheinlech nach fir vill Diskussioune suerge wäert.