Europa Aktuell
Tierkei-EU: Net probabel, datt de Prozess nees revitaliséiert gëtt
4 min
D'Tierkei ass prett, säi Blockage géint ee Bäitrëtt vu Schweden an d'Nato opzeginn. Dat hat kuerz virum Nato-Sommet zu Vilnius, a Litauen, den tierkesche President Erdogan annoncéiert.
Schweden huet sech enger gemeinsamer Deklaratioun no engagéiert, dofir ze suergen, datt de Bäitrëtts-Prozess vun der Tierkei an d'Europäesch Unioun "revitaliséiert" gëtt - wat dat genee heescht, gouf net erkläert. D'Danièle Weber huet zu Vilnius beim Lëtzebuerger Premier an dem Lëtzebuerger Ausseminister nogefrot.