Europa Aktuell
Litauen: Muster-Member vun der Nato
4 min
Zu Vilnius, der Haaptstad vu Litauen, ass gëschter de Sommet vun der Nordatlantescher Allianz, kuerz Nato, op en Enn gaangen.
D'Plaz fir déi Reunioun war gutt erausgesicht. D'Allianz spillt am baltesche Staat direkt un der Grenz mat Belarus eng wichteg Roll. D'Land gehéiert zu deenen Nato-Staaten, déi am meeschte Suen an d'Defense stiechen an ass prett, dee Budget nach eropzesetzen. Dat huet mam Krich ze dinn, awer net nëmmen.
D'Danièle Weber huet zu Vilnius mam President vun der Verdeedegungs-Kommissioun am litauesche Parlament, dem Laurynas Kasčiūnas, geschwat.