Kultur um 5
Kultur um 5
54 min
De Pol Belardi ass ee vun den am meeschte beschäftegte Museker hei zu Lëtzebuerg. Deemno huet hien och direkt e puer Theeme matbruecht, iwwert déi mer mat him schwätze kennen. Theema wäert eng nei Single sinn, déi e mat sengem Projet Fumage rausbruecht huet an och eng Kënschtler-Residenz am Neimënster, déi den 20. Juli mat engem Concert op en Enn geet.
An da schwätze mer nach iwwert d'Dänzerin, Dramaturgin a Sängerin Angélique Willkie. Si war fir de Monodrama Festival hei zu Lëtzebuerg. D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet hier Performance ze gesinn a mat hier ze schwätzen.