Europa Aktuell
Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg
4 min
D'EU kënnt an der Ëmstellung op eng Kreeslafwirtschaft kaum virun. Dat geet aus deem neiste Rapport zum Theema vum Europäesche Rechnungshaff ervir. An dësem Pabeier ass Lëtzebuerg Leschten. De Rapport vum Europäesche Rechnungshaff kritiséiert, datt d'EU-Memberstaaten de Budget, dee si fir eng Transitioun an d'Kreeslafwirtschaft zur Verfügung gestallt kréien, net effizient genuch géifen notzen.
De Mouvement écologique betount awer, datt zu Lëtzebuerg scho vill méi geschitt ass, wéi am Rapport vum EU-Rechnungshaff beschriwwen gëtt. D'Zuelen, op déi de Rapport sech baséiert, sinn nämlech schonn zwee Joer al.
D'Sophie Schroeder informéiert.