Aus dem Liewen
(KJT) Kanner-Jugendtelefon
6 min
D’Helpline ass d’Nummer 116111.
“Bleif net eleng, ruff un”, esou de Motto vum KJT, dem Kanner-Jugendtelefon. Mee wat ass de KJT?
De KJT gëtt et zanter 1992 a gouf am Kader vun der Ratifikatioun vun de Kannerrechter an d’Liewe geruff ginn.
An de leschten 30 Joer huet de KJT sech kontinuéierlech de Besoine vun de Kanner, Jugendlechen, an och Elteren, ugepasst. Esou gëtt et mëttlerweil nieft dem Kanner-Jugendtelefon och d’Online Help an d’Chatberodung.
Déi jonk kënne sech esou eraussichen, ob si léiwer mat engem schwätze wëllen, schreiwen oder chatten. Da gëtt et och nach den Elterentelefon, wéi och d’BEE SECURE-Helpline an d’BEE SECURE-Stopline.
Méi Informatioune ginn et mat der Aline Hartz, Chargée de directioun vum KJT (www.kjt.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil