Aus dem Liewen
ErwuesseBildung
5 min
Wien a wat ass d’EwB?
D’EwB ass ee Veräin, deen et zanter 50 Joer gëtt. All déi Joren huet e schonn d’Ambitioun, de Membere vun der Gesellschaft ee Raum ze bidden, wou si mateneen a Kontakt triede kënnen, gemeinsam Erfarunge maachen, léieren, entwerfen a realiséieren.
Dat ass haut an engem Kontext vun der Iwwer-Individualiséierung ëmsou méi wichteg an zitt sech duerch all Beräich vun der Liewenswelt. Dofir sinn d’Theeme vun der EwB breet gefächert: Kreativitéit, Mediefërderung, Naturerliefnis, Philosophie, gesellschaftlech Tabuen, Famill an Entwécklung, Spiritualitéit a Kultur.
Den Numm EwB - ErwuesseBildung ass méi abstrakt gemengt: Fir all Alter gëllt et nämlech seng Passiounen a Fäegkeeten ze entdecken, Spaass drun ze gewannen an eppes doraus ze maachen. Awer och sech géigesäiteg ze inspiréieren a sech een ëm deen anere këmmeren. An dofir léisst sech d’Ekipp vun der EwB ëmmer nees eppes Neies afalen.
Mat der Nora Schleich, Programmkoordinatrice vun der EwB (www.ewb.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil