Aus dem Liewen
GERO - Kompetenzzenter fir den Alter
4 min
Wat ass de GERO?
De GERO ass de Kompetenzzenter fir den Alter.
An Zäite vun demographeschem Wandel, an enger Welt mat ëmmer méi eelere Leit an ëmmer manner Jonker, déi nokommen, brauch et ee Service, dee sech zesumme mat anere Partner déi richteg Froe stellt a probéiert positiv op dëse Wandel ze reagéieren.
De GERO regroupéiert dräi Beräicher, déi vum Familljeministère konventionéiert sinn:
• De geroAKTIV wennt sech direkt u Leit iwwer 60 Joer. Mat Informatiounen, Veranstaltungen a verschidde benevolle Projeten, fir aktiv matzemaachen.
• De geroPRO bitt Fortbildunge fir déi, déi mat eelere Leit zesummeschaffen, vun de Club AKTIV PLUS bis zu den Institutiounen, an deenen eeler Mënsche wunnen.
• Am drëtten Departement, dem geroRESEARCH, gëtt zesumme mat verschiddene Partner ronderëm de Phenomeen “al sinn an al gi” gefuerscht mam Zil zur Gesondheetspreventioun bäizedroen.
Duerch verschidde partizipativ Projete gëtt probéiert den eelere Mënsch zum Acteur vun dësen Aktivitéiten ze maachen an him esou eng sënnvoll Beschäftegung no der Pensioun ze ginn.
D’KAART60+ erlaabt et ausserdeem mam eelere Mënsch a Kontakt ze bleiwen, duerch d’Zeitung awer och duerch verschidde Fuerschungsprojeten, Informatiounen a reegelméissege Campagnen, déi dozou bäidroe sollen, d’Altersbiller ze differenzéieren.
Mam Alain Brever Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter
Erausgepickt:
Porte ouverte GERO ASBL
1 Dernier Sol, Luxembourg, Luxembourg
19.9.2024 10:00-12:00
www.gero.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil