Aus dem Liewen
Erzéiungs- a Familljeberodung
7 min
Wat bitt d‘Erzéiungs- a Familljeberodung?
Viru 26 Joer gouf de Berodungsservice vun AFP-Solidarité-Famille ASBL an Ofstëmmung mam Familljeministère nei organiséiert fir Offeren, déi schonn do waren an dësem Beräich, méiglechst gutt ze ergänzen.
D’Erzéiungs- a Familljeberodung bitt eng Multitüd vun Aktivitéiten, dozou gehéiere virun allem Berodung oder therapeutesch Ënnerstëtzungen, wa Schwieregkeete beispillsweis an der Interaktioun entstinn, oder Entwécklungsetappen oder Ereegnesser am Liewe Belaaschtungen duerstellen, déi d’Famill net méi gutt gemeeschtert kritt.
Jee no Theema, Problematik oder Kontext gi Consultatiounen am Eenzel-, Famillen- oder Gruppesetting ugebueden. Theemespezifesch Gruppe sinn z. B. am Kontext vun der Entwécklungsënnerstëtzung den Elteregrupp “Versteesdemech“ oder am Kontext vun héich konfliktuellen Trennungen a Scheedungen de Programm am Gruppeformat “Kinder aus der Klemme“.
Zu der Offer gehéieren och preventiv Informatiounen ë. a. am Kader vum Elterenowenter an och Formatioune wéi Babysitter-Coursen a Weiderbildungen z. B. an der Method Marte Meo.
Informatioune mat der Jutta Gansemer, Diplom-Pädagogin, Direktionsbeoptraagt
www.erzeiungs-a-familljeberodung.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil