Aus dem Liewen
Wou wëlle mir al ginn? Wunnen am Alter - 1/3
6 min
“Wou wëlle mir am Alter wunnen?“ An engem Gespréich mam GERO-Institut gëtt d'Theema “Wunnen am Alter“ verdéift.
D’Zesummespill vu Selbststännegkeet, Sécherheet a sozialer Integratioun ass wichteg bei der Wiel vun der zukünfteger Wunnsituatioun.
Et gi Froen opgeworf iwwer d'Erausfuerderungen altersgerecht Wunnbedingungen ze schafen, déi souwuel Autonomie wéi och sozial Bedeelegung erméiglechen.
Vill Froe gi sech gestallt ëm déi grouss Wichtegkeet vum Wunnen am Alter. Virdru louch de Fokus haaptsächlech op barrièrefräi Wunnengen an Haiser. Haut denkt ee méi wäit: et geet drëm, ob d’Ëmgéigend Mobilitéit erméiglecht, wichteg Infrastrukture wéi Supermarchéen an ëffentlechen Transport accessibel sinn, an ob een och am Alter um soziale Liewen deelhuele kann. Virun allem um Land sinn d’Erausfuerderunge méi grouss, well Geschäfter an Déngschtleeschtungen dacks wäit fort sinn. Technologie-Léisungen, wéi Online-Akeef an digital Plattforme kéinte weiderhëllefen.
Déi meescht Leit wëllen esou laang wéi méiglech doheem bleiwen, wat duerch Upassungen an der Wunneng machbar ass.
D’Zesummespill vu Selbststännegkeet, Sécherheet a sozialer Integratioun ass wichteg bei der Wiel vun der zukünfteger Wunnsituatioun.
Och finanziell Aspekter, wéi ob ee sech seng aktuell Wunneng an der Pensioun nach leeschte kann, musse gekuckt ginn. Donieft kënnt d’Fro op, ob een am Alter doheem oder an enger Fleegestruktur betreit soll ginn.
Explikatioune mam Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter (www.gero.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil