Aus dem Liewen
Kannermusée PLOMM
4 min
Kultur a Konscht fir Kanner
Zanter der Ënnerschrëft vun der UN-Kannerrechtskonventioun am Joer 1993 hunn d’Kanner zu Lëtzebuerg d’Recht um kulturellen a kënschtleresche Liewen deelzehuelen. Am Kannermusée PLOMM léieren d’Kanner op spilleresch Aart a Weis Kultur a Konscht kennen. Et ass e Musée fir si, vun hinnen. An den Ausstellunge kënne si net nëmme kucken, héieren an upaken, si ginn och encouragéiert hirer Fantasie keng Grenzen ze setzen, sech kreativ a fräi auszedrécken. Duerch Konscht a Kultur maachen d’Kanner aktiv mat, si denken a kreéieren, an entwéckelen esou de Kannermusée PLOMM an och sech selwer weider.
Invitée ass d'Manon Eicher, Directrice vum Kannermusée PLOMM
Méi Informatiounen ënner www.plomm.lu
Presentéiert vum
- Angie Maquil