Aus dem Liewen
Eltereschoul J. Korczak
6 min
Wann Elteren e schlecht Gewëssen hunn
Eist Gewëssen ass ee faarwege Mix aus allerlee Wäerter, Erfarungen, Meenungen an Iddien, dee mir eis an eisem Liewen zesummegestallt hunn. Dëst “Gewëssen“ entwéckelt sech am Laf vun de Joren a begleet eis da bei all eisen Entscheedungen an Aktiounen. Et erlaabt eis am Alldag Decisiounen ze huelen an esou ze handelen, datt eist Verhale mat eise Wäerter stëmmeg ass.
Dat schlecht Gewësse bréngt dann, wann et sech weist, eis Gefillswelt total duercherneen. Mir gi vun enger Hellewull negative Gedanken an Emotiounen iwwerrannt.
Gutt drun ass, datt eist Gewëssen oppasst, datt mir an eisem Liewen esou reagéieren, datt mir et mat eise Wäerter vertriede kënnen. Et huet also och seng gutt Säit, wa mir dat schlecht Gewësse spieren.
Mat der Jeannine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul J. Korczak
Erausgepickt:
Webinar 21.10.24 You are not born a parent 19:00 - Fir zukünfteg Elteren (www.Kannerschlass.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil