Aus dem Liewen
Erzéiungs- a Familljeberodung
7 min
Grenze setzen an der Erzéiung
Gëtt et iwwerhaapt ee richteg oder falsch an der Erzéiung?
Elteren fanne sech haut mat villerlee Kriticke konfrontéiert: si sinn ze vill streng, ze large, beschützen ze vill, Helikopterelteren, Curling-Parents, Kanner brauche méi Struktur, méi Grenzen, ee kloert “Nee” …
Wat awer heescht da Grenze setzen?
Wann een dovun ausgeet, dat et iwwerall an eiser Gesellschaft Grenze ginn, déi eist Matenee reegelen, déi bestëmmen, wéi wäit d’Fräiheet vu jiddwerengem geet oder awer och, datt Grenzen hëllefe Gesondheet a Sécherheet ze ginn, da brauch et och eng Vermëttlung vu Reegelen am Ëmgang mat dëse Grenzen.
Erklärunge ginn et vun der Jutta Gansemer, Chargée de Direction vun der Erzéiungs- a Familljeberodung (www.erzeiungs-a-familljeberodung.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil