Aus dem Liewen
natur musée
5 min
Am natur musée gëtt et direkt zwou nei Ausstellungen ze bestaunen. Bei "Luxembourg on the Rocks" dréit sech alles ëm d'Geologie vu Lëtzebuerg, de Patrimoine an och Kulturgeschicht, wärend "Tönende Tiere" Déieren an hir Kläng an de Fokus stellt. D'Ausstellung weist Déiereskulpturen, erschaf an zesummegesat aus Alldagsgéigestänn vum Kënschtler Matthias Garff. Et kann een awer net nëmmen d’Exponater bestaunen, et gëtt och eppes fir op d’Oueren: all Exponat kënnt mat engem Soundtrack vum DJ a Biolog Dominik Eulberg. Begleet ginn d'Ausstellunge vu Concerten, Workshoppen, Konferenzen a villem méi.
Mam Julien Meyer, Chef de service de la médiation et du développement des publics
Erausgepickt:
Biodiversitéitsshow mam Dominik Eulberg - 22. November 2024 am natur musée
Ausstellungen:
“Luxembourg on the Rocks" 11.10.24-16.3.25
"Tönende Tiere" 12.10.24-5.1.25
(www.naturmusee.lu)
Presentéiert vum
- Angie Maquil