Aus dem Liewen
ErwuesseBildung
6 min
Tabutheemen an der Gesellschaft, komm mir schwätzen doriwwer
Psychesch Erkrankungen, Sexualitéit, Diskriminéierung, Verloscht an Trauer - vill där Theeme ginn dacks net gär ugeschwat a bleiwen am Donkelen. Mee wat geschitt, wa mir eis zesummesetzen an awer doriwwer schwätzen? Gemeinsam, oppen iwwer esou Sujeten ze schwätzen, déi an eiser Gesellschaft ëmmer present sinn, kann immens wierksam sinn: Virurteeler ginn ofgebaut, Versteesdemech entsteet an Ënnerstëtzung gëtt méi einfach.
An der EwB si reegelméisseg Konferenzen an Table-ronden, déi sech mat schwieregen Theemen an eiser Gesellschaft auserneesetzen - an dat mat Erfolleg. Et deet nämlech gutt ze mierken, datt ee guer net eleng ass mat senge Gedanken an Erliefnesser, an datt et ëmmer Leit ginn, déi sech gäre fir deen aneren asetzen. Wa mir eis all e bësse méi këmmeren, da ka sech och an de méi schwéierfällege Strukturen eppes doen.
Mat der Nora Schleich, Programmkoordinatrice vun der EwB (www.ewb.lu)
Erausgepickt:
Table ronde 6. November 2024 an der EWB: Tabu-Thema: Demenz und die Weiße Trauer, 18.30-20.00 Auer
Presentéiert vum
- Angie Maquil