Aus dem Liewen
Kannermusée PLOMM
4 min
Den 20. November ass deen internationalen Dag vun de Kannerrechter. Viru 35 Joer gouf op dësem Dag d‘Kannerrechtskonventioun ënnerschriwwen. Ënner anerem gëtt dem Kand domat d’Recht gi seng Meenung fräi zu all Fro, déi et betrëfft, auszedrécken. D’Meenunge vum Kand sollen deemno consideréiert ginn, onofhängeg vu sengem Alter.
Am Kannermusée PLOMM ginn d‘Kanner doran ënnerstëtzt sech Froen ze stellen, sech eng eege Meenung ze bilden an dës op fräi a kreativ Aart a Weis ze äusseren. Et gëtt Raum geschaf fir Reflexiounen an Diskussiounen.
Fir datt Kannerparticipatioun an demokratesch Wäerter net nëmmen Theorie bleiwen, organiséiert de Kannermusée PLOMM an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung déi alljärlech Kannerkonferenz ChiCo an den Zuch vun der Demokratie - Kanner kommen an d’Parlament. A spezifesche Workshoppe gi komplex Theemen a Froen a Bezuch op Kannerrechter an Demokratie de Kanner zougänglech gemaach, fir datt si hire Standpunkt kloer a verständlech maache kënnen.
Presentéiert vum
- Pit Walté