Eeër gehéieren einfach zu Ouschteren dozou, mee wéi vill si wierklech gutt fir d'Gesondheet? Wéi vill wichteg Närstoffer stiechen am Ee, wéi steet et mam Konsum a mam Cholesterol? A firwat recommandéiert déi däitsch Gesellschaft fir Ernärung just een Ee pro Woch?. Am Interview geet och rieds iwwer
D’Ëmweltaspekter, mir gi Rotschléi fir planzlech Alternativen a praktesch Tippen, fir erauszefannen, ob en Ee frësch ass.
"Eeër si räich un Närstoffer, mee bewosste Konsum ass gutt fir eis an d’Ëmwelt. Schéin Ouschteren, a genéisst Är Eeër mat Mooss”, seet d’Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin.
0 = Bio-Haltung (Fräilaf + Bio-Fudder, besonnesch déierfrëndlech)
1 = Fräilandhaltung (D’Hénger hunn Auslaf am Fräien)
2 = Buedemhaltung (D’Hénger lafen an grousse Ställ, awer ouni Auslaf)
3 = Käfighaltung (A Lëtzebuerg verbueden!)
D'Buschtawen duerno weisen d'Hierkonftsland z.B.
LU = Lëtzebuerg
DE = Däitschland