Dagdeeglech
Virun 116 Joer koum de Jean-Pierre Büchler op d'Welt
2 min
De Lëtzebuerger Politiker an Agronom Jean-Pierre Büchler koum de 6. Juli 1908 zu Haler op d‘Welt. Als Agronom huet hien an den 1930er Jore Coure ginn op der Akerbauschoul zu Ettelbréck. Politesch engagéiert war hie bei der CSV. Als Minister huet de Jean-Pierre Büchler verschidde Ministèren nom Zweete Weltkrich assuréiert, a war zum Schluss vu senger politescher Karriär nach 4 Joer Deputéierten an der Chamber. De Jean-Pierre Büchler ass de 7. September 1993 am Alter vu 75 Joer verstuerwen. No him benannt ass an der Stad Lëtzebuerg d‘Bréck iwwer d‘Eisebunn vun der Garer Plaz bis op Bouneweg.