arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 8 Joer stierft de Léon Nilles
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Gebuer gouf de Lëtzebuerger Bauingenieur, Auteur an Hotelier de 19. Juli 1928 zu Nidderkäerjeng. Bekannt gouf de Léon Nilles als Auteur vun Texter am Theemeberäich Verkéier an Erzéiung am Stroosseverkéier, als Promoteur, Hotelier a Musée-Proprietär. Hie war zu Bartreng aktiv an der Gemengepolitik a war 23 Joer laang President vun der Sécurité Routière. An zu Liefzäiten huet de Léon Nilles dräi Privat-Muséeën ageriicht.