Dagdeeglech
Virun 165 Joer: Grondsteen fir déi Al Bréck
2 min
Wéi 1858 de Grondstee fir d‘Stater Gare geluecht gouf, war d‘Fro, wéi den Uschloss vun der Stad un déi zukünfteg Gare konnt realiséiert ginn, eng Gare déi baussent der Festung louch, dat op deemolegem Hollerecher Territoire. De Gemengerot huet de Projet vun enger Bréck ugeholl, déi vun enger englescher Firma gebaut gouf. Wärend dem Bau war eng hëlzen Noutbréck, eng Passerell, opgeriicht ginn. Deen Numm gouf dunn och fir déi fäerdeg Bréck bis haut bäibehalen. Den Numm “Al Bréck“ krut se, wéi ufanks 1900 d‘Adolphe-Bréck, déi “Néi Bréck“, gebaut gouf.