Europa Aktuell
Barcelona verbitt touristesch Appartementer
14 min
A Spuenie gëtt et grouss Onzefriddenheet mam Massentourismus - esou grouss, datt et an ëmmer méi Stied Protester dogéint gëtt. De leschte Samschdeg sinn iwwer 10.000 Leit zu Malaga op d'Strooss gaange fir hir Onzefriddenheet ze weisen. Et wieren ze vill Touristen ënnerwee an et géif ëmmer méi Vakanzenappartementer ginn.
Barcelona huet schonn d'Conclusioun gezunn an d'Enn vun touristeschen Appartementer annoncéiert. Déi néideg Lizenze ginn net méi vun de lokalen Autoritéiten erneiert, an déi aktuell Lizenze wäerten all bannent deenen nächste véier Joer auslafen. D'Stad hofft esou op d’Wunnengskris ze reagéieren. Duerch dës Moossnam kéinte méi wéi 10.000 Appartementer op den traditionelle Wunnengsmaart zeréckkommen. Ee Bericht vun eiser Spuenie-Korrespondentin Aurelie Chamerois