Europa Aktuell
Vott am EU-Parlament: Ursula von der Leyen muss sech tommelen
4 min
No den Europawale fänkt zu Bréissel d’Aarbecht fir d‘Spëtzekandidatin vun der Europäescher Vollekspartei, d’Ursula vun der Leyen, eréischt richteg un. Nodeems si Enn leschter Woch vun de Staats- a Regierungscheffen aus der EU als Kommissiounspresidentin nominéiert gouf, muss si elo dofir suergen, datt si genuch Stëmmen am Europaparlament zesummekritt, fir een zweet Mandat kënnen unzefänken.
De Vott ass fir den 18. Juli ugesat, deemno bleiwe fir d’Ursula von der Leyen just eppes iwwer zwou Wochen Zäit fir bei de politesche Fraktiounen ze passéieren a fir hire Programm Reklamm ze maachen. Aus dem Parlament mellt sech d‘Danièle Weber.
Presentéiert vum
- Daniele Weber