Europa Aktuell
Wéi geet et no de Walen a Frankräich weider?
4 min
A Frankräich regéiert de Moment virun allem d’Ongewëssheet, wéi et elo no de Walen am Land weidergeet. De Walgewënner Nouveau Front Populaire fuerdert de President Emmanuel Macron dozou op, hinnen direkt d’Regierungsformatioun unzevertrauen. Dee wëllt awer ofwaarden an déi aktuell Regierung interimsméisseg am Amt loossen. An engem oppene Bréif huet de President sech e Mëttwoch fir een Novum an der fënnefter Republik ausgeschwat, nämlech eng grouss Koalitioun. Wéi warscheinlech ass esou ee Zenario, a wat sinn d’Schwieregkeeten? De Max Tholl huet bei zwee Experten nogefrot.