Zwee Lëtzebuerger Ministeren - de Xavier Bettel an d’Yuriko Backes - waren e Mëttwoch fir eng kuerz Visitt zu Kiew. Si koumen net mat eidelen Hänn, mee hate Versprieche fir eng zousätzlech Lëtzebuerger Hëllef vun 21 Milliounen Euro am Gepäck a matgeholl hate si och Vertrieder:inne vun der Lëtzebuerger Press - eent dovun d’100,7-Journalistin Danièle Weber.
arrow_back_ios
Europa Aktuell
Een Dag op besuch zu Kiew: Wat bleift hänken?
Lauschteren
play_arrow
Vu Polen aus ass et mam Zuch a Richtung Kiew gaangen. (Foto: MAE Press)
headphones
7 min
mic_none
Presentéiert vum
- Daniele Weber
Episoden
Trotz Hëtzwell: Verschidde Länner fuerdere weider méi labber Klimaziler
An der Diskussioun iwwer CO2-Emissioune vun Autoe gouf et keen neien Elan. Déi eng wëlle méi Flexibilitéit, déi aner un den ambitiéise Klimaziler festhalen.
Diskussioun ronderëm d'Centre-de-retouren
19 Länner haten um Bord vum Sommet gefuerdert, datt den Opbau vun de Return Hubs sollt mat EU-Sue finanzéiert ginn. Domat ass awer net jiddereen averstanen.
EU-Budget: Wäit ewech vun engem Accord
Méi oder manner Suen an d'Bréisseler Keess? Den EU-Budget suergt fir schwiereg Diskussiounen ënner de Memberlänner.
EU - US Deal: Wéi eng Konditioune stellt d'EU?
D'EU seet Jo zum EU-US-Deal iwwert Douanestaxen, ma net ouni den Accord u Konditiounen ze knäppen. D'EU-Parlament krut sech hei duerchgesat.
Christophe Hansen wëll de Bauere méi Sue ginn, awer net elo direkt
Virum Summer solle Mesure presentéiert ginn, sou d'Annonce vum EU-Agrar-Kommissär. Mat wat kënnen d'Bauere rechnen?
Wat brauch d'EU haut, Viviane Reding?
D'CSV-Politikerin, déi dräi Mol EU-Kommissärin war, krut gëschter den Uerde fir Europäesch Meritten iwwerreecht. Mir froen si: Wat feelt der EU haut, wat se fréier hat?
Europäesch Arméi: Nach ëmmer keng konkret Diskussioun wäert
D’Annonce vun den USA, massiv Zaldoten aus Europa ofzezéien, huet keng nei Beweegung an d’Diskussioun iwwert eng europäesch Arméi bruecht.
EU-Kommissioun seet Nee zu gemeinsame Mesurë géint Energiekris
Iwwerprofit-Steier oder méi labber Budgetsreegelen: d'EU-Kommissioun huet net wëlles EU-Mesurë géint d'Energiekris ze proposéieren.
Peter Magyar kämpft zu Bréissel fir ungaresch EU-Suen
Den ungaresche Walgewënner war fir een éischte Besuch zu Bréissel. Haaptsujet: Fongen an Héicht vu 16 Milliarden Euro, déi Bréissel agefruer huet.
Informellen EU-Sommet: EnergieKris: wéi koordinéiert geet d'EU vir?
D'Staats- a Regierungscheffen tausche sech iwwer proposéiert Mesurë vun der EU-Kommissioun aus an hunn een éischten Echange iwwer den nächsten EU-Budget.
Gabriele Bischoff EU-Deputéiert (SPD)
An der Europäescher Unioun kéint et haut zu engem Accord an engem Dossier kommen - deen éischtens schonn zéng Joer schleeft an dee fir Lëtzebuerg zimmlech wichteg ass
EU-Defense-Kommissär: Ukrain kéint Deel vun EU-Arméi sinn
Den EU-Kommissär fir d'Verteidegung Andrius Kubilius seet, d'Ukrain kéint eng wichteg Experienz mat an een europäeschen Defense-System bréngen.
No Orbán-Out: Ungarn an d'EU sti virun intensiven Debatten
Zu Bréissel gëtt erliichtert op d'Victoire vum Oppositiounsleader Peter Magyar an Ungarn reagéiert. Mee wéi séier kënnen dann elo Blockagen opgehuewe ginn?
Péter Magyar: Dee Politiker, deen de Viktor Orbán kéint klappen
Woufir steet de Politiker? Eis Europakorrespondentin Danièle Weber huet zu Budapest mat Experte geschwat.
Walkampf an Ungarn: Kënnt et zum Wiessel?
No 16 Joer un der Muecht kéint de Viktor Orban an Ungarn ofgewielt ginn. Vill Leit schéngen es genuch ze hu mam Regime, deen hien opgebaut huet.
EU-Parlament: EU-US-Deal soll u Konditioune geknäppt ginn
No laangen Hin an Hir ass d'EU-Parlament prett, iwwert den Handelsaccord mat den USA ofzestëmmen. ET gëtt erwaart, datt d'Majoritéit Jo seet, allerdéngs Konditioune setzt.
Internationaalt Recht an Irankrich: EU-Parlament ass sech net eens
Verstéisst de Krich am Iran géint internationaat Recht? Déi Fro gëtt an der EU net gestallt oder ënnerschiddlech beäntwert - dat weist och eng Debatt am EU-Parlament.
Ali Akbar: eng Paräisser Legend
De Portrait vum leschten Zeitungsverkeefer vu Paräis
EU-Kommissioun wëllt keen extraen EU-Fonds fir sécher Ofdreiwunge schafen
Bréissel verweist en Vue vun der Fuerderung vun der Biergerinitiativ My voice my choice op den Europäesche Sozialfonds, dee kéint fir den Accès op Avortemente geholl ginn.