Hutt Dir Iech och schonn heiansdo heemlech Froe gestallt, déi Dir Iech awer net getraut hutt, se haart ze soen. Abee dat ännert sech elo iwwer de Summer hei um Radio 100,7 mat der Rubrik “Eng gutt Fro“. De Jean Claude Majerus sicht zweemol an der Woch Äntwerten an Erklärungen op Froen, déi am Normalen ni gestallt ginn. An déi éischt gutt Fro vum Summer huet mam Schreiwen ze dinn: an zwar mam Schreiwen op ale Schreifmaschinnen, I-Paden, PCen, Laptoppen oder Smartphonen, asw. Wann Dir en Text schreift, da spréngt Iech jo bei den Tasten e gellegen Duercherneen an d’A. An dofir d’Fro: firwat fänkt d’Alphabeet op enger Tastatur net einfach bei A un, da B, C, D… bis bei Z.? Wier dat net méi logesch fir ze tippen?
arrow_back_ios
Gutt Fro
Firwat stinn d'Buschtawen op enger Tastatur net alphabeetesch?
Lauschteren
play_arrow
Keyboard-Tastatur (Foto: Pexels / Pixabay)
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden
Firwat schlofen engem d'Féiss an, de Kapp awer net?
Well mir hunn de Kapp dach dacks a Positioune leien, wou ee sech kéint virstellen, datt dat selwecht géing geschéie wéi beim Fouss oder Been.
Firwat danze Männer am klassesche Ballet net op Pointen?
Déi Gutt Fro vun haut: Firwat danzen am klassesce Ballet Männer praktesch ni Pointen?
Vergeet d'Zäit am Alter méi séier?
Et geet ëm d'Impressioun, déi vill Mënschen hunn, datt an der Jugend Zäit ganz lues vergeet, se am Alter dergéint galoppéiert.
Drénke Fësch oder net?
Hu Fësch iwwerhaapt Duuscht an drénke se och, wa se de ganzen Dag am Waasser sinn.