Kennt der dat Gefill och, der gitt Moies waakreg, der streckt Iech nach zerguttstert, gaapst nach eng Kéier an scho geet et lass mat denken. Wat muss ech haut maachen? Wat iesse mer de Mëtteg? Firwat hunn ech mengem Papp dat deemools esou un de Kapp gehäit? An esou weider an esou virun, de ganzen Dag, vu Moies bis owes spéit, vu Méindes bis Sonndes, d’ganz Woch iwwer, de ganze Mount, dat ganzt Joer denke mer. An da si mer bei der gudde Fro vun haut an de Jean Claude sech huet sech gefrot: Kënne Mënschen och näischt denken? Eng Fro déi der iech selwer vläicht och scho gestallt huet, an eng Fro un déier sech och scho Generatioune vu Philosophen a Wëssenschaftler d’Zänn aus gebass hunn.
arrow_back_ios
Gutt Fro
Gutt Fro: Kann ee Mënsch näischt denken?
Lauschteren
play_arrow
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden
Gutt Fro: Kann ee Mënsch näischt denken?
Ass et méiglech datt d'Mënschen näischt denken an hiert d'Gehier an eng Zort "Stand By " setzen?
Gutt Fro: Firwat frësst d'Wäschmaschinn Strëmp?
Wou verschwannen eis Strëmp nom wäschen, ass eng Fro déi hutt der iech bestëmmt scho selwer gestallt, de Jean Claude Majerus as deem op de Fong gaangen.
Firwat gëtt et Lénksverkéier?
Et ginn eng ganz Partie Länner, an deenen een net op der rietser Säit vun der Strooss fiert. Mee wouhier kennt dat?
Firwat héiere mir eis Stëmm net gär, wa se opgeholl gouf?
Lauschtert der är Stëmm op enger Opnam och net gären? Mà firwat ass dat esou, de Jean Claude sicht Äntwerten an senger Gudder fro vun haut.
Firwat schlofen engem d'Féiss an, de Kapp awer net?
Well mir hunn de Kapp dach dacks a Positioune leien, wou ee sech kéint virstellen, datt dat selwecht géing geschéie wéi beim Fouss oder Been.
Firwat danze Männer am klassesche Ballet net op Pointen?
Déi Gutt Fro vun haut: Firwat danzen am klassesce Ballet Männer praktesch ni Pointen?
Vergeet d'Zäit am Alter méi séier?
Et geet ëm d'Impressioun, déi vill Mënschen hunn, datt an der Jugend Zäit ganz lues vergeet, se am Alter dergéint galoppéiert.
Drénke Fësch oder net?
Hu Fësch iwwerhaapt Duuscht an drénke se och, wa se de ganzen Dag am Waasser sinn.