arrow_back_ios

Gutt Fro

100komma7.lu / Gutt Fro

/ Gutt Fro: Firwat rullt et am Stau ëmmer besser op der anerer Spuer?

Gutt Fro: Firwat rullt et am Stau ëmmer besser op der anerer Spuer?

Lauschteren play_arrow
headphones

5 min

Et ass eng Situatioun déi der bestëmmt alleguerte kennt, der sidd oder besser der stitt op der Autobunn am Stau, wat hei zu Lëtzebuerg ausser an der Vakanzenzäit, moies an owes en Dauerzoustand ass. Der stuerkt op den Auto virun Iech, d’Bremsluuchte blénke schéi rout, et steet alles an et geet a geet a geet net weider. Op emol kuckt der dann eriwwer op déi aner Spuer op der Autobunn an do rullt et op emol. An domadder si mer da beim Jean Claude Majerus senger gudder Fro vun haut. Firwat leeft de Verkéier op der Spuer niewendrun ëmmer besser wéi op där Säit wou der am Stau stitt? 

Wann der nächste Kéier am Stau stitt dann otemt e puer Mol ganz déif. Lauschtert e bësse Musek an sot iech einfach de Stau ass just eng optesch Illusioun mä bleift am beschten op ärer Spuer an esou fuert der gemittlech ärer Destinatioun entgéint.

E Méindeg dann bei der nächster Ronn an eiser Rubrik Gutt Fro, freet de Jean Claude Majerus Firwat déi franséisch Nationalhymne iwwerhaapt „la Marseillaise“ heescht?

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Gutt Fro: Firwat heescht déi franséisch Nationalhymne "La Marseillaise"?

Gutt Fro: Firwat heescht déi franséisch Nationalhymne "La Marseillaise"?

Mer wëssen all dat se am Frankräich gären d'Marseillaise sangen, de jean Claude Majerus huet sech awer gefrot, firwat hir Nationalhymne iwwerhaapot esou heescht.
headphones

7 min

play_arrow

Gutt Fro: Firwat rullt et am Stau ëmmer besser op der anerer Spuer?

De Jean Claude Majerus freet haut an der Gudder Fro: Firwat huet beim Stau ëmmer d’Impressioun wéi wann et op der anerer Séit méi séier viru geet?
headphones

5 min

play_arrow

Gutt Fro: Kann ee Mënsch näischt denken?

Ass et méiglech datt d'Mënschen näischt denken an hiert d'Gehier an eng Zort "Stand By " setzen?
headphones

6 min

play_arrow

Gutt Fro: Firwat frësst d'Wäschmaschinn Strëmp?

Wou verschwannen eis Strëmp nom wäschen, ass eng Fro déi hutt der iech bestëmmt scho selwer gestallt, de Jean Claude Majerus as deem op de Fong gaangen.
headphones

6 min

play_arrow

Firwat gëtt et Lénksverkéier?

Et ginn eng ganz Partie Länner, an deenen een net op der rietser Säit vun der Strooss fiert. Mee wouhier kennt dat?
headphones

6 min

play_arrow

Firwat héiere mir eis Stëmm net gär, wa se opgeholl gouf?

Lauschtert der är Stëmm op enger Opnam och net gären? Mà firwat ass dat esou, de Jean Claude sicht Äntwerten an senger Gudder fro vun haut.
headphones

5 min

play_arrow

Firwat schlofen engem d'Féiss an, de Kapp awer net?

Well mir hunn de Kapp dach dacks a Positioune leien, wou ee sech kéint virstellen, datt dat selwecht géing geschéie wéi beim Fouss oder Been.
headphones

6 min

play_arrow

Firwat danze Männer am klassesche Ballet net op Pointen?

Déi Gutt Fro vun haut: Firwat danzen am klassesce Ballet Männer praktesch ni Pointen?
headphones

5 min

play_arrow

Vergeet d'Zäit am Alter méi séier?

Et geet ëm d'Impressioun, déi vill Mënschen hunn, datt an der Jugend Zäit ganz lues vergeet, se am Alter dergéint galoppéiert.
headphones

7 min

play_arrow
Drénke Fësch oder net? | © Pexels / Jamie Elzinga

Drénke Fësch oder net?

Hu Fësch iwwerhaapt Duuscht an drénke se och, wa se de ganzen Dag am Waasser sinn.
headphones

6 min

play_arrow

Firwat stinn d'Buschtawen op enger Tastatur net alphabeetesch? | © Pexels / Pixabay

Firwat stinn d'Buschtawen op enger Tastatur net alphabeetesch?

De Jean Claude Majerus huet sech d'Fro gestallt firwat d'Buschstafen op enger Tastaur net alphabetesch hannertenee stinn?
headphones

6 min

play_arrow