Direkt zweemol hannerteneen gouf d’Musek made in Lëtzebuerg grouss gefeiert: De 24. September beim Encore an der Rockhal an de 4. Oktober beim groussen Ofschlossconcert vum Trounwiessel um Glacis. Zwou eemoleg Geleeënheeten, bei deenen de Lëtzebuerger Publikum sech bewosst konnt ginn, wéi vill gutt Musek hei am Land op engem professionellen Niveau gemaach gëtt.
De Secteur huet sech an de leschte Joren organiséiert a federéiert – doriwwer schwätzt den Yves Stephany mam Vicky Zeimetz (Atelier, Alliance Musicale), Pol Belardi (Museker, Famil), Nadja Prange (Musekerin), Joé Haas (Kulturministère).