Beonrouegend, skurril bis absurd: esou ginn der Mary-Audrée Ramirez hier skulptural Konschtinstallatioune genannt. D’Textil-a-Grafik-Kënschtlerin beschäftegt d’Relatioun tëscht phantasteschen, virtuellen an analoge Realitéiten aus vergaangenen an zukünftegen Zäiten. Ass et nach méiglech, sech d’Welt esou ze maachen, wéi se engem gefällt? Bei Kultur am Gespréich huele mir iech de Sonnde mat an der Mary-Audrée Ramirez hire Gaming-Zoo.
arrow_back_ios
Kultur am Gespréich
Der Mary-Audrée Ramirez hir "Forced Amnesia" am Casino Lëtzebuerg
Lauschteren
play_arrow
headphones
56 min
Episoden
Musekssecteur: Tëschent Bün a Bürokratie
Mat Mënschen aus dem Secteur geet Rieds iwwer Chancen an Challengen
Vun der Konscht liewen - mee wéi?
Eng Diskussiounsronn mat der Julie Wagener, der Clio van Aerde, dem Tun Biever an dem Antoine Pohu
100,7-Kultur-Redaktioun experimentéiert mat Literatur an Alldagsgeräischer
Nico Helminger kräizt David Foster Wallace / Eng Mocca verwandelt sech an eng Slotmachine
Dat blot Wonner wärend der bloer Stonn erliewen?
Vu Solstice zu Solstice: zanter dem 22. Dezember a bis den 22. Juni performt den Alain Roche op sengem “Piano vertical” iwwer dem Chantier vum zukünftege Konzerthaus zu München.
Zanter 2022 ouni Ouni: dës alternativ Akaafskultur huet sech zu Lëtzebuerg net duerchgesat.
Wéi Diddelénger Ouni-Adepten den Échec vun hirem Null-Verpackungsbutték erlieft hunn.
Der Mary-Audrée Ramirez hir "Forced Amnesia" am Casino Lëtzebuerg
Sech d’Welt esou maache wéi se engem gefällt? D’Mary-Audrée Ramirez ka guer net anescht.