Zanter 2013 existéiert d’Associatioun vun den Artistes Plasticiens vu Lëtzebuerg. Viru gutt 6 Méint huet ee vun hiren Aarbechtsgruppen, no dräi Joer intensiver Aarbecht, tariflech Richtlinne fir hir Membere publizéiert. An dësem Dokument liese plastesch Kënschtler:innen eng éischte Kéier schwaarz op wäiss, wéi vill si minimal fir eng Ausstellung, eng Kënschtler:inne-Residenz oder verschidden Déngschtleeschtungen, froe kënnen. Bei Kultur am Gespréich beliichte mir de Wee, d’Efforten déi gemaach gi sinn, plus di eenzel Motivatiounen. An um Enn feiere mir mat der AAPL zesummen “Open House”.
arrow_back_ios
Kultur am Gespréich
E besonnescht "Open House" fir d'AAPL
Lauschteren
play_arrow
headphones
57 min
mic_none
Presentéiert vum
- Kerstin Thalau
Episoden
E besonnescht "Open House" fir d'AAPL
Porte Ouvertes bei den AAPL-Kënschtler:innen-Atelieren um Verluerekascht
Iwwer d’Zukunft vum Lëtzebuerger Verlagswiesen
Huet d’Lëtzebuerger Verlagswiesen ee strukturelle Problem? E Gespréich mam Marc Binsfeld, Jo Kox, Anne-Marie Reuter an Eric Steffen
"Ee Song ass ni fäerdeg geschriwwen": Am Gespréich mat The Notwist
Den Cico Beck, de Markus an de Micha Acher am Interview mam Jeff Schinker
Musekssecteur: Tëschent Bün a Bürokratie
Mat Mënschen aus dem Secteur geet Rieds iwwer Chancen an Challengen
Vun der Konscht liewen - mee wéi?
Eng Diskussiounsronn mat der Julie Wagener, der Clio van Aerde, dem Tun Biever an dem Antoine Pohu
100,7-Kultur-Redaktioun experimentéiert mat Literatur an Alldagsgeräischer
Nico Helminger kräizt David Foster Wallace / Eng Mocca verwandelt sech an eng Slotmachine
Dat blot Wonner wärend der bloer Stonn erliewen?
Vu Solstice zu Solstice: zanter dem 22. Dezember a bis den 22. Juni performt den Alain Roche op sengem “Piano vertical” iwwer dem Chantier vum zukünftege Konzerthaus zu München.
Zanter 2022 ouni Ouni: dës alternativ Akaafskultur huet sech zu Lëtzebuerg net duerchgesat.
Wéi Diddelénger Ouni-Adepten den Échec vun hirem Null-Verpackungsbutték erlieft hunn.
Der Mary-Audrée Ramirez hir "Forced Amnesia" am Casino Lëtzebuerg
Sech d’Welt esou maache wéi se engem gefällt? D’Mary-Audrée Ramirez ka guer net anescht.