Vu senger Konscht kënnen ze liewen – de groussen Dram vun all Kënschtler erweist sech zu Lëtzebuerg zumindest um Pabeier als méiglech: 107 Leit hunn hei am Land de Statut d’artistes, 268 Leit dee vum Intermittent du spectacle. An der Praxis gesäit d’Saach allerdéngs e bësse méi schwiereg aus, dat net just zu Lëtzebuerg, ma och am Ausland: Am Frankräich ass beispillsweis de Prozentsaz vu Schrëftsteller:innen, déi vun hirem literaresche Schreiwen eleng liewe kënnen, zimmlech geréng. Virun e bësse méi wéi engem Mount huet een Artikel an der Luxembourg Times, an deem zwee Kulturschafender iwwert de Seeldanz tëschent Broutjob a Konscht geschwat hunn, fir ee (klenge) Shitstorm gesuergt, dat well de Journalist op eng liicht naiv Manéier e Portrait gezeechent huet vu Leit, déi daagsiwwer schaffen an nuets kreativ ginn, ouni ze hannerfroen, wéi et kéint sinn, dass deels renomméiert Kulturschafend et nawell net packen, vun hirer Musek, hirer Konscht, hirem Schreiwen, bref vun hirer Aarbecht ze liewen. Fir e bësse mat där Manéier, de kreative Beruff ze verklären, opzeraumen, hunn d’Kerstin Thalau an de Jeff Schinker haut véier Leit agelueden, déi mat eis iwwert d’Erausfuerderung vum onofhängege Schaffen diskutéieren: d’Kënschtlerin Julie Wagener, déi transdisziplinaresch Kënschtlerin Clio van Aerde, de Museker Tun Biever an de Schrëftsteller Antoine Pohu.
arrow_back_ios
Kultur am Gespréich
Vun der Konscht liewen - mee wéi?
Lauschteren
play_arrow
headphones
56 min
Episoden
Musekssecteur: Tëschent Bün a Bürokratie
Mat Mënschen aus dem Secteur geet Rieds iwwer Chancen an Challengen
Vun der Konscht liewen - mee wéi?
Eng Diskussiounsronn mat der Julie Wagener, der Clio van Aerde, dem Tun Biever an dem Antoine Pohu
100,7-Kultur-Redaktioun experimentéiert mat Literatur an Alldagsgeräischer
Nico Helminger kräizt David Foster Wallace / Eng Mocca verwandelt sech an eng Slotmachine
Dat blot Wonner wärend der bloer Stonn erliewen?
Vu Solstice zu Solstice: zanter dem 22. Dezember a bis den 22. Juni performt den Alain Roche op sengem “Piano vertical” iwwer dem Chantier vum zukünftege Konzerthaus zu München.
Zanter 2022 ouni Ouni: dës alternativ Akaafskultur huet sech zu Lëtzebuerg net duerchgesat.
Wéi Diddelénger Ouni-Adepten den Échec vun hirem Null-Verpackungsbutték erlieft hunn.
Der Mary-Audrée Ramirez hir "Forced Amnesia" am Casino Lëtzebuerg
Sech d’Welt esou maache wéi se engem gefällt? D’Mary-Audrée Ramirez ka guer net anescht.