De Viktor Orban rifft dozou op, Urteeler vum Europäesche Geriichtshaff ze ignoréieren, wa se eng Regierung drun hënneren, hir Politik ëmzesetzen. ONGen awer, déi sech an Ungarn fir Mënscherechter asetzen, zielen eben op déi Europäesch Geriichter, well dat dacks hir lescht Chance ass, zu hirem Recht ze kommen.
D'Danièle Weber huet zu Budapest mat Vertriederinne vun ONGe geschwat.