A Frankräich, besonnesch am Raum Paräis an Île de France, gëtt et ëmmer méi eidel Bürosgebaier, gläichzäiteg bleift de Logementsmaart awer ugespaant. D’Léisung schéngt einfach: nämlech déi ongenotzte Bürosurfacen a Wunnengen ëmwandelen. Genee dat envisagéiert elo e Gesetzesprojet am franséische Parlament. Nach bleiwen awer sëlleg Erausfuerderungen.
Och zu Lëtzebuerg gi mol Bürossurfacen zu Wunnflächen ëmgewandelt. Dozou ginn et allerdéngs keng genee Donnéeën. Zu Lëtzebuerg stinn awer och just 4 Prozent vun de Bürosflächen eidel, seet de Jonathan Morand vun der Immobilieberodungsfirma JLL. Déi europäesch Moyenne géif bei 8 Prozent leien.