arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ About Sincerity and Instincts

About Sincerity and Instincts

Lagos Thugs ass eng 11-käppeg Band, déi och zu Lagos baséiert ass, en Afrobeat vum Feinsten.

Black Flower sinn en hybrid Jazz-Combo aus der Belsch, déi vum Saxofonist a Flüttist Nathan Daems geleet gëtt. Si mixen Ethio-Jazz mat Afrobeat, Dub an orientaleschen Influenzen.

The Smile hu sécher eppes mat Radiohead ze dinn, well et ass jo den Trio vum Thom Yorke an Jonny Greenwood vu Radiohead zesumme mam britteschen Jazz Drummer Tom Skinner. Mir lauschteren hir Aktualitéit.

De Sixto Diaz, kuerz Rodriguez, ass an de Mëtt 70er zu Detroit säi ganz eege Wee gaangen. Et heescht, hien hat keen Telefon, huet d’Clubbe bei him ronderëm den Eck besicht an huet a senger ganz eegener Welt gelieft. Dat an engem Mooss, datt hien net matkritt huet, datt hien a Südafrika e Mega Star war …

Den amerikanesche Bluesmuseker Seasick Steve spillt virun allem personaliséiert Gittaren a sengt iwwer säi fréiert d’Liewen, wéi hien nach ganz verschidden Jobben nogaangen ass, fir iwwer d’Ronnen ze kommen.

Ginger Bamboo ass de Projet vum Jeremy Alonzi, Member vum Grupp The Experimental Tropic Blues Band. A wat säi Projet als Ginger Bamboo ugeet, esou heescht et, datt dëst d’Recherche wier vun engem éierlechen Ausdrock a vun Instinkt.

Alles Notiounen, déi schonn an d’Geschichtsbuch agaange sinn!


Playlist:

1. Skinshape - Sua Alma (feat. Dalma) - Umoja

2. Lagos Thugs - Radio Talk (feat. Kiala & Ruth Tafebe) - Radio Talk (feat. Ruth Tafebe & Kiala)

3. Hadley Caliman - Cigar Eddie - Inner Peace

4. Black Flower - Early Days of Space Travel, Pt. 2 - Future Flora

5. The Smile - Zero Sum - Foreign Spies / Zero Sum

6. Wax Tailor - Just a Candle (feat. Mark Lanegan) - The Shadow of Their Suns

7. Rodriguez - Can't Get Away - Searching for Sugar Man (Original Motion Picture Soundtrack)

8. Ignace de Souza & The Melody Aces - Asaw Fofor - African Scream Contest 2

9. Mumbi Kasumba - Ignited - Rafiki (Original Motion Picture Soundtrack)

10. Seasick Steve- Dark - Man from Another Time

11. Ginger Bamboo - Stinlo - Elsewhere CC

12. Hardkandy - The Good and the Bad - Second to None

13. JJ Milteau- Jack The Man - Fragile

Episoden

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow