arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Sunshine Music

Sunshine Music

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

Déi amerikanesch Singer-Songwriterin Mia Doi Todd ass an der gudder Gesellschaft vum Jeff Parker a Money Mark ze héieren op hirem 12. Album ‘Music Life’.

D’Caroline Shaw ass eng amerikanesch Komponistin, Geiistin an och Sängerin am Beräich vun der Klassescher Musek di gäre mat anere Leit zesumme schafft an esou en eklektesche Klang-Universum schaaft.

Den am Libanon gebuerene Multi-Instrumentalist Abaji erfuerscht op en neits d’World Museken a sengem neien ‘Carnet de Voyages part 1’. En Disk deen sech musikalesch natierlech ronderëm dem Artist seng Wuerzelen artikuléiert mee och en Halt mëscht am Chile an am Mali.

De Vincent Segal a Ballaké Sissoko associéieren sech haut mam Vincent Peirani an dem Émile Parisien fir den Album “Les Égarés”. Vincent Segal, geschate Cellist, Ballaké Sissoko, Virtuos op der Kora, Vincent Peirani, Akkordeonist an Émile Parisien Saxophoniste, alleguer kreativ Museker vun der franséischer Jazz-Zeen.

‘Chan Chan’ ass eng al kubanesch Vollekszielung déi weltbekannt ginn ass mam Compay Segundo. Mir lauschteren eng zäitgenëssesch Adaptatioun vum Raphaël Lemonnier & La Trova Project.

6000 km südlech vu Kuba zu São Paulo a Brasilien bléist eis Bixiga 70 hire Mix vun Afrobeat, Latino a Jazz-Musek nëmmen esou ronderëm d’Oueren. Den Numm vun dësem 10-Käppege Bléiser Ensembel ass ofgeleet vun hirem Quartier Bixiga, zu São Paulo.



Playlist:


1. Sola Rosa - Del Ray - Get It Together

2. Badge Époque Ensemble - Just Space for Light (feat. Jennifer Castle) - Self Help

3. Keleketla! & Coldcut - Freedom Groove (feat. Antibalas, Nono Nkoane, Tamar Osborn, The Watts Prophets & Tony Allen) – Keleketla!

4. Caroline Shaw - Narrow Sea: Pt. 2 (So Percussion, Gilbert Kalish & Dawn Upshaw) - Narrow Sea 

5. Mia Doi Todd - Music Life (feat. Jeff Parker & Money Mark) - Music Life

6. Abaji - Zikrayat - Carnet de Voyages, Pt. 1 (Organic World Music)

7. Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Mama (Unplugged Version) - Nocturne

8. Vincent Peirani, Vincent Segal, Ballaké Sissoko & Emile Parisien - Ta Nyé - Les Égarés

9. Raphaël Lemonnier & La Trova Project - Chan Chan - Blues for Dos Gardenias

10. Bixiga 70 - 100% 13 - III

11. Aurelio - Irawini - Lándini

12. Toto Necessitè - Cail la mandé rousé - Antilles chéries (Compa / Cadence)

13. David Walters, Ballaké Sissoko & Vincent Segal - An Lot Soley - Soul Tropical

Episoden

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow