arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Happy New Year

Happy New Year

Lauschteren play_arrow
headphones

57 min

D’Tindersticks, d’Grupp vun Nottingham, déi entretemps als Kult-Outfit bezeechent gëtt, ass haut bei hirem 14. Album ukomm: “Soft Tissue”. An och hei héiere mir nees raffinéiert Klanglandschafte mat 70es Soul-Akzenter, schéine Straicher a waarme Bléiser.


Déi belsch Formatioun vun Antwerpen Dez Mona huet laang faszinéiert mat hirer Kombinatioun vun Jazz, Gospel, Spirituels an enger uerdentlecher Portioun Drama vun hirem Frontmann a Sänger Gregory Frateur. Op hirer Aktualitéit an 9. Album “Loose Ends” héiere mir Dez Mona mat engem anere Sound. Fort vun de schwaarze Balladen läit elo den Accent éischter um Rhythmus an um Groove, d’DNA vun Dez Mona bleift awer erhalen!


Eng vun de spannendste Gruppe si wuel dEUS, déi virun iwwer 20 Joer zu Antwerpen gegrënnt gouf. Den Tom Barman ass de charismatesche Frontmann a Sänger. Nieft Collaboratiounen ausserhalb vun dEUS a sengen Excursiounen an den Jazz, dréit hien och Filmer an ass als Photograph aktiv. Vläicht wéinst senge villen Engagementer hu mir missen 10 Joer op deen neien Album “How To Replace It” waarden.


Playlist:

1. Tindersticks - Always a Stranger - Soft Tissue

2. Tindersticks - Don’t Walk, Run - Soft Tissue

3. Nick Cave & The Bad Seeds - Wild God - Wild God

4. Dez Mona - The Power - Loose Ends

5. Prince - 17 Days (Piano & a Microphone 1983 Version) - Piano & a Microphone 1983

6. RJD2 - Through it All (featuring Jamie Lidell) - Through It All (featuring Jamie Lidell)

7. dEUS - Quatre Mains - Following Sea

8. dEUS - Simple Pleasures - How To Replace It

9. Laurent Garnier & The Limiñanas - Saul - De Película

10. Baaba Maal - Yerimayo Celebration - Being

11. Tinariwen - Toumast Tincha - Emmaar

12. Rodolphe Burger, Sofiane Saidi & Mehdi Haddab - One Two Three - One Two Three

13. WITCH - Avalanche of Love (feat. Sampa the Great) - Zango

Episoden

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow