Radioen

On air

Notturno  |  José González - Stay Alive

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Découvertes

Découvertes

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

D’Sängerin a Flüttistin Celia Wa vun der Guadeloupe deelt mat eis en éischten Titel aus hirem Album “Fasadé”. Eng Soul-räich Odyssée erwaart eis hei, wou d’Creolitéit an och d’Spiritualitéit gefeiert gëtt.

Coup de Coeur ass dee kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino mat sengem neien Album “Our Time In The Sun”. Hei heiere mir en erfrëschenden, zäitgenësseschen Sound, dee geniert ass vun der Americana, vum Folk, dem Blues an dem Country.

Punkto Decouverten dës Woch zielen och Lawne, en Duo, deen 2019 gegrënnt gouf vun de Musek-Nerds Joe Nicklin an Joe Martin. Hire Sound léisst vill Influenzen zum Virschäi kommen.

En anere neien Numm, deen ze verhalen ass, ass den Elliott Armen, Auteur an Interpret vu St. Malo, dee vu jonke Joren un op der Gittar an um Piano seng Lidder komponéiert: schéin, intim an zäitlos Atmosphären …

An e Virgeschmaach op deen neien Album “Our Calling” vum Piers Faccini & Ballaké Sissoko. Dësen ass eng schéin Demonstratioun vun deem, wat erreecht ka ginn, wa Virtuosen hir Kulture matenee verbannen.

Playlist:
1. Laurent Bardainne, Celia Wa & Tigre d'Eau Douce - Jou en nou rivé - Hymne au soleil
2. Celia Wa - Démounaj - Fasadé
3. Claude Fontaine - Relíquia - La Mer
4. Muito Kaballa - Inside Outside (feat. Bantu) - Little Child
5. Jeremie Albino - Dinner Bell - Our Time In The Sun
6. The Black Keys - Crawling Kingsnake - Delta Kream
7. Labi Siffre - I Got the ... - Remember My Song
8. Lawne - The Huge Balloon - The Huge Balloon - Single
9. Khruangbin - May Ninth - A LA SALA
10. Elliott Armen - What Does It Say? - Disturbance
11. Piers Faccini & Ballaké Sissoko - One Half of a Dream - Our Calling
12. Okay Kaya - Dance Like U - Both
13. Isobel Campbell & Mark Lanegan - Come On Over (Turn Me On) - Single

Episoden

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etapp a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.
headphones

56 min

play_arrow

Tour du Monde

Vu Brasilien op d’Capverdianesch Inselen a vun do aus weider an Australie mat villen neien Disken an Decouverten.
headphones

57 min

play_arrow

Eclectic Harmonies

Nei-Verëffentlechungen, eng Avant-Première a schéi Stëmmen!
headphones

56 min

play_arrow

Lagos-Paris-London

Dub an Afrobeat vu Lagos, e Komponist vu Filmuseke begéint e Popmuseker an ee Soundtrack aus Südafrika
headphones

56 min

play_arrow

Happy New Year

Raffinéiert Kläng vun Nottingham, zwou onëmgänglech belsch Formatiounen an en Openthalt a Westafrika
headphones

57 min

play_arrow

A Lover was born

Soul Musek an anerer, déi mat Häerz a Séil derbäi sinn; Jazz, Funk, Soul an Hip-hop matenee vermëscht war Enn 80er ufanks 90er e Genre bekannt als Acid-Jazz …
headphones

56 min

play_arrow

el espacio entre

Neiverëffentlechung vun 3 Vinyl-LPen, déi d’Wierk vun engem geschätzten englesche Museker beliichten, futuristesch Kläng aus Spuenien an aner spannend Klangwelten
headphones

56 min

play_arrow

Wierder an Nouten

E bësse Mariachi-Spaghetti-Western-Feeling, de mutéierte Flamenco vun haut, den Afrobeat trëfft op de Rock an d’Wierder vum Herman Hesse, déi sech mat Nouten ëmginn.
headphones

56 min

play_arrow

Explizit Lyrics

De Klang vu Saigon an de 70er, e bësse Country, gudde Songwriting an eng exzeptionell Collaboratioun, déi och elo geschwënn zu Lëtzebuerg ze gesinn ass.
headphones

56 min

play_arrow

Fuzzy

En $10 Cowboy, déi éischt Schrëtt vu Museker, déi spéider weltbekannt goufen an nach e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes vum 4.-8. Dezember.
headphones

57 min

play_arrow

Transmusicales and more ...

E Bléck op d’Transmusicales vu Rennes (Deel 2), e Retour an d’70er, vill Decouverten an eng Raritéit

Transmusicales and more ...

E Bléck op d’Transmusicales vu Rennes (Deel 2), e Retour an d’70er, vill Decouverten an eng Raritéit
headphones

61 min

play_arrow

Got Soul

Nei Verëffentlechungen aus dem Beräich vun der Soul, dem Singer-Songwriting an e puer Decouverte
headphones

56 min

play_arrow

Transmusicales 2024

Nieft Neiverëffentlechungen kritt Dir dës Kéier e Virgeschmaach op d’Transmusicales vu Rennes, e Festival, deen erfollegräichen internationalen Artisten eng Bün bitt.
headphones

56 min

play_arrow

$10 Cowboy

OneWorld, eng Rees duerch d’Zäit an d’Stiler mat dës Kéier enger rarer Pärel aus dem Joer 1972, engem Stopp a Brasilien an engem neien Disk aus dem Beräich Country-Blues
headphones

56 min

play_arrow