arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Trans-Continental

Trans-Continental

Lauschteren play_arrow
headphones

57 min

Mir erënnereneis un La Mano Negra, franséisch Grupp, déi tëschent 1987 an 1994 aktiv war. De Grënner Manu Chao geet och nach nach ëmmer enger internationaler Karriär no.


Déi andalusesch Sängerin Rocío Márquez vereent hir Kräfte mam Produzent Bronquio um Album “Tercer Cielo”, wou Traditioun d’Elektro begéint.


“Heavy Heavy” ass dee 4. Studioalbum vun de Young Fathers, mat deem déi schottesch Grupp op oppen Ouere getraff ass. Tribal an en düstere Soundtrack fir eis beweegten Zäit vun haut.


Massive Attack hire “Safe from Harm” vum Debutalbum “Blue Lines” ass e Klassiker vum Trip Hop, deen op engem Sample vum Billy Cobham sengem “Stratus” baséiert: irresistibel!


Tribal Beats héiere mir vu WITCH aus Zambia mat engem éischten Album no 39 Joer a mat enger anerer “Tribal Celebration” zelebréiert de Baaba Maal aus dem Senegal säin Ierwen.


Art-Rock vu These New Puritans vun hirem 2. Studioalbum “Hidden”, wou tribal Atmosphären en Orchester begéinen.


“A Day for the Hunter, a Day for the Prey” ass en Album, bei deem d’Leyla McCalla sech mat der Geschicht vun hirem Land Haiti a senger beweegter Geschicht ausenanersetzt.


Mir entdecke groovegen Jazz aus der Bretagne an de franséischen Trompettist Erik Truffaz mat engem Hommage un d’Filmmuseken.


Playlist:

1. LA MANO NEGRA - Out Of Time Man - King of Bongo

2. Manu Chao - Viva tu- Viva tu

3. Rocío Márquez & Bronquio - Un Ala Rota - Tercer Cielo

4. Young Fathers - Heavy Heavy

5. Witch - Avalanche of Love (feat. Sampa the Great) - Zango

6. Massive Attack - Safe from Harm - Blue Lines

7. Baaba Maal - Yerimayo Celebration - Being

8. These New Puritans - Drum Courts–Where Corals Lie - Hidden

9. Sarah McCoy - Devil’s Prospects - Blood Siren

10. Leyla McCalla - Peze Café - A Day for the Hunter, a Day for the Prey

11. Calexico - El Mirador - El Mirador

12. Mokhtar - Disco Chamo (feat. Théo Morin & Marine Quinson) - EP#3

13. Erik Truffaz - L’alpagueur - Clap!

14. dEUS - Dream Is a Giver - How To Replace It

15. Gogol Bordello - Sun Is On My Side - Trans-Continental Hustle

Episoden

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow