Playlist to Connect Haut - 09h20 Dëse Sonndeg Nomëtteg, den 19 Juli, ass et bei der Sportshal zu Viichten ee ganz besonnescht Event, dat Frënn vu klassescher Musek, dem Pop oder och dem Rock zesummebréngt.
"Eng wonnerschéi Wäertschätzung" 14.07.2026 - 09h20 Den Dirigent Pit Brosius iwwer d'Annonce, datt hien de Prix Arts et Lettres 2026 iwwerreecht kritt.
De Gustavo Dudamel ass bei der WM-Halftimeshow dobäi 13.07.2026 - 09h20 Fir déi grouss Halbzeitshow vun der Fussballweltmeeschterschaft e Sonndeg, wäert de Gustavo Dudamel nieft ville weidere Stare fir grouss Stëmmung suergen.
D'Fanfare Bouneweg ass a WM-Stëmmung 10.07.2026 - 09h20 D’Fanfare vu Bouneweg ass dëst Joer op der Weltmeeschterschaft vun de Museken dobäi: Dem World Music Contest zu Kerkrade an Holland
En Dag voller Decouvertë mat Lucilin 09.07.2026 - 09h20 De Projet Musique Plus huet dëst Joer nees d’Saison vum Ensembel United Intruments of Lucilin markéiert. E Sonndeg invitéiert Lucilin dann op d’Clôture vum Projet.
Luxembourg Clarinet Association a Südkorea 08.07.2026 - 09h20 Fir Lëtzebuerg um weltwäit gréisste Klarinettekongress ze representéieren, huet sech eng Ekipp vu 6 Klarinettisten aus Lëtzebuerg op de laange Wee a Südkorea gemaach.
Prix Arts et Lettres geet 2026 un den Dirigent Pit Brosius 07.07.2026 - 09h20 Zënter dem Joer 2008 gëtt et de Prix Arts et Lettres vum groussherzoglechen Institut, deen Talenter aus der Kulturzeen zu Lëtzebuerg auszeechent.
Spuenesch Barockmusek mam Ensembel Artemandoline 06.07.2026 - 09h20 De Juan Carlos Muñoz gëtt en Abléck an deen neien Album vun Artemandoline.
A capella an de Summer eran 03.07.2026 - 09h20 De leschte Concert vun der Maîtrise vun der Kathedral ass an engem besonnesche Kader.
Musek am Schlass, déi bei d’Kuliss passt 02.07.2026 - 09h20 Den Initiateur vum Festival alter Musik zu Veianen, de Rosch Mirkes, erzielt wat de Public an dëser Editioun erwaart.
100 Joer Hans-Werner Henze - ee Portrait 01.07.2026 - 09h20 Kann een tonal schreiwen an awer zäitgenëssesch komponéieren? Dës Fro spléckt d’Komponistewelt net nëmmen haut, mee zanter den Ufäng vun der Zwieleftoun- an der serieller Musek.
Déi nei Saison vum Orchestre de Chambre du Luxembourg 30.06.2026 - 09h20 Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, den OCL, huet viru Kuerzem de Saisonsprogramm 2026/2027 presentéiert. Eng Saison, déi ënner der Iwwerschrëft "Trompe l'oeil" steet.
Eng musikalesch Degustatioun 29.06.2026 - 09h20 D'Cembalistin Anne-Catherine Bucher proposéiert e Concert mat klengen Häppercher aus dem englesche Barock.
100 Prozent Tschaikowski 26.06.2026 - 09h20 Den Orchestre Place de l'Europe dediéiert de Programm vu sengem Concert den 28. Juni just engem Komponist.
E partizipative Gesangsweekend 25.06.2026 - 09h20 D’Chorale Muinicpale Sängerbond Diekirch organiséiert e Gesangweekend mat Workshoppe fir jiddereen.
Den Dram als zentrale Gedanken 24.06.2026 - 09h20 De Jean-Jacques Mailliet gëtt en Abléck an d'Kompositioun, déi hie fir Nationalfeierdag geschriwwen huet.
Déi 7. Symphonie vum Dmitri Schostakowitsch 22.06.2026 - 09h20 Déi "Leningrader" Symphonie ass e Meeschterwierk u subtiler politescher Kritik.
De Georgely 2 mat politesche Lidder 19.06.2026 - 09h20 300 Lidder, déi déi gesellschaftlech a politesch Lag vu Lëtzebuerg aus deenen leschten 200 Joer markéieren.
Another Light 18.06.2026 - 09h20 De Chouer vun der Uni Lëtzebuerg séngt d'"Dichterliebe" vum Robert Schumann an engem Arrangement fir Chouer.
"Ech muss net Kolleeg mat him sinn" 17.06.2026 - 09h20 Dat seet de Regisseur Jacques Schiltz iwwer de Richard Wagner, deem seng Biogaphie hien a Form vun engem Theaterstéck mat all senge Kontroverse presentéiert.