E groussen Undrang gouf et gëschter bei der Präisiwwerreechung an dem Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2026 zu Bamberg. Och den Opus ass Member am Jury vun den ICMA.
Nieft dem Gala-Concert stoung och e Staatsempfang mam Bayresche Staatsminister fir Wëssenschaft a Konscht, dem Markus Blume, um Programm. A bei deem Empfang war dee ganze Publikum invitéiert. D’Bamberger Symphoniker hunn d’Occasioun vum Gala-Concert nämlech genotzt fir mat dësem Event hiren 80. Anniversaire ze feieren.