Eng Community-Oper, déi Leit aus iwwer 100 verschidde Länner duerch Musek zesummebréngt, dat war d’Zil vum Projet pOpera vun der Fondation EME. An no dräi Joer Virbereedung kënnt d’Pop-Oper endlech op d’Bün. D’Première ass haut den Owend (23.4.) um 7:30 am grousse Sall vun der Philharmonie, mat enger Adaptatioun vu “Romea a Julia”, déi zesumme mat de Bedeelegte kreéiert gouf. D’Sopranistin Stephany Ortega iwwerhëlt d’Roll vun der Juliette, war awer och de Vocal Coach vun de Participantë wärend deenen 3 Joren. Si erkläert, wat fir Challenges op si duerkoumen, virun allem wéinst der Sproochbarriär.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Eng Pop-Oper an der Philharmonie
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart