arrow_back_ios

Opus Aktuell

100komma7.lu / Opus Aktuell

/ Gebuertsdag vum Carl Maria von Weber

Gebuertsdag vum Carl Maria von Weber

Massen, zwee Pianosconcerti, zwee Klarinetteconcerti, zwou Symphonien, Kammermusek, eng Onmass u Pianosmusek … an, an, an. Mee dat alles zielt net beim Carl Maria von Weber: Hien ass Komponist vun der Oper “Der Freischütz“ - Punkt, fäerdeg. Mat dëser Oper fänkt d’Zäit vun der däitscher romantescher Oper un.

Wie war de Mënsch hanner dësem Wierk - e Mann mat villen Talenter, ee Workaholic, deen nach mat enger staarker Tuberkulos op London reest, fir säin Oberon uropzeféieren - dat war den 12. Abrëll 1826. Keng zwee Méint méi spéit, de 5. Juni 1826, sinn déi lescht Kräfte verbraucht. De Guy Engels erënnert un de Carl Maria von Weber.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

"Clavecinisten, dat sinn d'Pianisten, déi et um Piano net gepackt hunn!"

Dat war deemools d'Mentalitéit, géint déi sech d'Anne Galowich huet missen duerchsetzen. D'Clavecinistin a Pädagogin ass eis nächst Invitée am Klassik Talk.
headphones

6 min

play_arrow

Echter'Classic Festival 2026

Den Direkter vum Iechternacher Trifolion, Maxime Bender, ass live am Harmonesche Moien op Besuch a stellt de Programm vun der Editioun 2026 vir.
headphones

3 min

play_arrow

Den Amtsuntrëtt vum Martin Rajna - den Opus ass live dobäi

Den 31 Joer alen ungareschen Dirigent Martin Rajna dirigéiert den 2. Oktober säin éischte Concert als Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.
headphones

5 min

play_arrow

"Hat krit éng gutt Plâtz, wann et Piano kann"

Dat ass den Titel vun der nächster Concertskonferrenz vu Mugi.lu. Déi ass den 10. Oktober 17 Auer am Salon Bleu vum Cercle Cité.
headphones

3 min

play_arrow

"Vu Lilien a Linnen": Jugendstil, Handwierk, an eng Familljegeschicht

De Konschtschmadd Étienne Galowich huet de Jugendstil zu Lëtzebuerg matgepräägt. Seng Urenkelin erzielt iwwer säi Liewen a mécht de Lien mat der Musek.
headphones

4 min

play_arrow

Philharmonix - Sandbox Vol.5

Mat dësem Album geet et zeréck an déi eege Kandheet! Philharmonix - Museker vun de Wiener a Berliner Philharmoniker - bidden Ënnerhalung mat kreativen Arrangementer.
headphones

4 min

play_arrow

Bachvereenegung: nei Saison mat fréie Kantaten

E feste Bestanddeel vun der Programmatioun ass och den Ensembel Ad Libitum. De Rosch Mirkes erkläert firwat dat esou ass.
headphones

3 min

play_arrow

120 Joer Dmitri Schostakowitsch

Haut feiere mir de Gebuertsdag vum russesche Komponist, deen de 25. September 1906 zu St. Petersburg gebuer gouf.

Nei Saison vu United Instruments of Lucilin

Rezent gouf mat engem éischte Concert déi nei Saison 26/27 vum Ensembel United Instruments of Lucilin lancéiert. Mee wat erwaart een dëst Joer - nei Konzepter, méi Initiativen?
headphones

3 min

play_arrow

Festival Bridges 2 - en Iwwerbléck mat der Grënnerin

De Festival "Bridges 2" geet de 24. September a seng 8. Editioun.
headphones

3 min

play_arrow

Eng Uropféierung fir d'Rentrée vum Artikuss

De Walter Civitareale huet eng nei Fassung vu senger "Jubilee Suite" fir Harmonieorchester verfaasst.
headphones

4 min

play_arrow

CantoLX mat fréiem italieenesche Barock

De Jubiläumsconcert fir de 15. Anniversaire vu CantoLX ass bis den 20. Oktober disponibel an der Opus Mediathéik op www.opus.radio an an der Opus 100,7 App.
headphones

2 min

play_arrow

Un Orchestre à soi: Eng Klanginstallatioun iwwer vergiesse Komponistinnen

Firwat si Frae vun der Museksgeschicht vergiess ginn? Déi Fro exploréiert d'Klangkënschtlerin Léa Chevrier an hirer interaktiver Ausstellung an der Abtei Neimënster.
headphones

4 min

play_arrow

Ee Liewen als Militärmuseker - de Lt. Jean Thill geet an d'Pensioun

Zënter Oktober 2022 ass de Lt. Jean Thill Chef de Musique adjoint bei der Militärmusek. Virdru war hie Joerzéngte Museker an de Reien. Elo geet et an déi wuelverdéngte Pensioun.
headphones

3 min

play_arrow

Den Opus Podcast "Klassik Talk"

"La musique, c'est une rencontre avec un instrument et avec un prof" - där Meenung ass de Lëtzebuerger Solo-Klarinettist Arthur Stockel, neien Invité am Klassik Talk.
headphones

5 min

play_arrow

Kammerata Luxembourg: déi nei Saison 2026/27

D'Presidentin vu Kammerata Luxembourg, Sandrine Cantoreggi, mat engem Iwwerbléck iwwer déi villfälteg Concerten, déi de Public dës Saison erwaarden.
headphones

3 min

play_arrow

D'Rentrée vun de Solistes Européens, Luxembourg

Den 21. September start déi nei Saison vun de Solistes Européens, Luxembourg mat engem Concert an der Philharmonie.
headphones

5 min

play_arrow

Playlist to Connect

Dëse Sonndeg Nomëtteg, den 19 Juli, ass et bei der Sportshal zu Viichten ee ganz besonnescht Event, dat Frënn vu klassescher Musek, dem Pop oder och dem Rock zesummebréngt.

"Eng wonnerschéi Wäertschätzung"

Den Dirigent Pit Brosius iwwer d'Annonce, datt hien de Prix Arts et Lettres 2026 iwwerreecht kritt.
headphones

3 min

play_arrow

De Gustavo Dudamel ass bei der WM-Halftimeshow dobäi

Fir déi grouss Halbzeitshow vun der Fussballweltmeeschterschaft e Sonndeg, wäert de Gustavo Dudamel nieft ville weidere Stare fir grouss Stëmmung suergen.
headphones

2 min

play_arrow