An dësen Episode vu Vital iwwer de Summer geet et ëm Alldagsfroen an déi passend praktesch Rotschléi dozou.
Mir stelle Froen: Wat ass wierklech gesond, wat ass just en Trend, ouni Fong? Wat mécht Sënn a wierkt positiv op eist Wuelbefannen? D’Ernärungsberoderinne Lis Muller a Stéphanie Rosquin gi kloer Äntwerten op Froen, déi Dir Iech sécher scho mol gestallt hutt.
Haut geet et bei der Stéphanie Rosquin ëm Pampelmuss-Regimmer, fréier ware se ganz populär, mee wéi effikass hëllefe se wierklech beim Ofhuelen?