An dësen Episode vu Vital iwwer de Summer geet et ëm Alldagsfroen an déi passend praktesch Rotschléi dozou.
Mir stelle Froen: Wat ass wierklech gesond, wat ass just en Trend, ouni Fong? Wat mécht Sënn a wierkt positiv op eist Wuelbefannen? D’Ernärungsberoderinne Lis Muller a Stéphanie Rosquin gi kloer Äntwerten op Froen, déi Dir Iech sécher scho mol gestallt hutt.
Haut geet et bei der Lis Muller ëm d'Fro vum drénken während dem Iessen, virwat soll dat net gutt sinn, stëmmt dat iwwerhaapt?