An dësen Episoden vu Vital lo iwwer de Summer, geet et ëm Alldagsfroen, an dozou ginn et passend praktesch Rotschléi.
Mir stellen d ‘Fro, wat ass wierklech gesond, wat ass just en Trend, ouni Fong? Wat mécht Sënn, a wierkt positiv op eist Wuelbefannen? D’Ernärungsberoderinne Lis Muller a Stéphanie Rosquin, gi kloer Äntwerten op Froen déi dir iech sécher scho mol gestallt hutt.
Haut geet et an der leschter Episode, ëm isotonescht Gedrénks an d ‘Fro, wéi eng Strategie, soll ee nom Sport uwennen, wat d ‘Gedrénks ugeet, fir sech gesond ze halen. Wat ass mam Gedanken, dee vill Leit hunn, datt e kaalt Glas Béier wéi e Sportsgedrénks géif wierken?