An dësen Episode vu Vital lo iwwer de Summer, geet et ëm Alldagsfroen, an dozou ginn et passend praktesch Rotschléi.
Mir stellen d'Fro, wat ass wierklech gesond, wat ass just en Trend ouni Fong? Wat mécht Sënn a wierkt positiv op eist Wuelbefannen? D'Ernärungsberoderinne Lis Muller a Stéphanie Rosquin gi kloer Äntwerten op Froen, déi Dir Iech sécher scho mol gestallt hutt.
Haut geet et an der leschter Episod ëm isotonescht Gedrénks an d'Fro, wéi eng Strategie soll ee nom Sport uwennen, wat d'Gedrénks ugeet, fir sech gesond ze halen. Wat ass mam Gedanken, datt e kaalt Glas Béier wéi e Sportsgedrénks géif wierken?