Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

search / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Zwou grouss Lëtzebuerger Perséinlechkeeten aus der klassescher Musek

Gespréichsconcert zu Éiere vun der Erna Hennicot-Schoepges a vum Johny Fritz
headphones

11 min

play_arrow

En emotional geluedent Wierk

Beim Allerséileconcert (2.11.) proposéiert de Méchelschouer dem Antonin Dvořák säi "Stabat Mater".
headphones

8 min

play_arrow

3. November: Music Days zu Veianen

D'Kammerata gëtt Concerten, déi musikalesch divers wëlle sinn. Klassik, Barock, Jazz an och e Programm fir Famillen ass geplangt
headphones

7 min

play_arrow

“Mel Bonis: Entre Soir et Matin”

D’Lëtzebuerger Geiistin Sandrine Cantoreggi huet zesumme mat dräi weidere Musekerinnen a Museker en Album mat Musek vun der Mel Bonis opgeholl. Mat dobäi ass och eng Weltpremière.

Festival Orchestra Luxembourg

Mam neien Amateur-Orchester wëllen d'Dirigenten Tim Kleren a Romain Kerschen eng "Marktlücke" fëllen
headphones

10 min

play_arrow

“Mel Bonis: Entre Soir et Matin”

D’Lëtzebuerger Geiistin Sandrine Cantoreggi huet zesumme mat dräi weidere Musekerinnen a Museker en Album mat Musek vun der Mel Bonis opgeholl. Mat dobäi ass och eng Weltpremière.
headphones

8 min

play_arrow

Opera Night an der Philharmonie

D'Solistes Européens Luxembourg lueden op eng Opera Night an. Als Gaascht ass de franséischen Tenor Benjamin Bernheim.
headphones

7 min

play_arrow

Allerhand Dicksereien an der Philharmonie

Den Duo Tonnar/Urwald spillt an der Philharmonie fir dem Dicks seng 200 Joer.

Allerhand Dicksereien an der Philharmonie

Den Duo Tonnar/Urwald spillt an der Philharmonie fir dem Dicks seng 200 Joer.
headphones

10 min

play_arrow

“The Gang Esperanza”

Concert vum Ensembel Esperanza vu Liechtenstein zesumme mat der hollännescher Geiistin Noa Wildschut an der Philharmonie (23.10.)
headphones

9 min

play_arrow

Nei Saison am Escher Conservatoire

Fir déi nei Saison 2023/24 ass de Programm gutt gefëllt. Mat ville verschiddene Concerten ass fir all Mënsch eppes dobäi.
headphones

12 min

play_arrow

Nei Saison vun de Lundis de l'ONJ

De Pit Brosius luet nees op puer Owender mat spannende Gespréicher iwwer Musek am Mierscher Kulturhaus.
headphones

5 min

play_arrow

Rising Stars zu Diddeleng

D'Organistin Lucile Dolat spillt am Kader vun der 5. Uergelnuecht
headphones

6 min

play_arrow

Nei Saison vum OCL

D'Diere vun der Klassik opmaachen
headphones

9 min

play_arrow

Les Dimanches du Chant Grégorien 2023

Niewent der Schola vun der Clierfer Abtei, déi vum Dom Jacques Prudhomme geleet gëtt, sinn dëst Joer och zwee franséisch Chéier agelueden.
headphones

8 min

play_arrow

Eng Lëtzebuergerin am EUBO

D'Geiistin Aurélie Wenzel spillt am nei gegrënnten European Union Baroque Orchestra
headphones

5 min

play_arrow

Ganz “jazzy” Musek

Éischte Concert vum Hautboisist Thomas Dewez mam Gittatist Miguël Gruselle
headphones

7 min

play_arrow

Märchebiller am Conservatoire

ActArt Concert mam Trio Jans-Schneider-Reifenrath
headphones

5 min

play_arrow

Den neie Programm vun der INECC

Vilfälteg Atelieren, Ensembelen a Concerten, och fir Leit mat manner Chouer-Erfarung
headphones

7 min

play_arrow

Nei Saison vun der Kammerata Luxembourg

Erëffnungsconcert mat enger Uropféierung vum Nik Bohnenberger
headphones

10 min

play_arrow