Radioen

On air

Notturno  |  Asher White - Skate Park Anthem

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

search / Klassik Aktuell

/ Die Sehnsucht nach dem Süden

Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.

Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.

Episoden

Musek, déi verzaubert

"Von Hexen, Feen und Prinzessinnen" - Concert mat de Solistes Européens, Luxembourg

Eng Geschicht ronderëm en Zaldot an den Däiwel

"L'Histoire du soldat" vum Igor Stravinsky am Stater Conservatoire

Kontrapunkt

Den Ensemble Kammerata am Mierscher Kulturhaus (20.10.2019)

D'Klarinett, en Cello an e Piano

Concert am Kader vum Buerglënster Festival, e Sonndeg 20. Oktober um 5 Auer

Kontrapunkt

Den Ensemble Kammerata am Mierscher Kulturhaus (20.10.2019)

Lux et Umbra

Concert mam Ensemble vocal du Luxembourg am Kader vum 175. Gebuertsdag vun der Maîtrise

Pavarotti

Den Documentaire iwwer den italieneschen Tenor leeft elo an de Kinoen zu Lëtzebuerg.

Lux et Umbra

Concert mam Ensemble vocal du Luxembourg am Kader vum 175. Gebuertsdag vun der Maîtrise
Zwou Pianistinne fir ee Piano

Zwou Pianistinne fir ee Piano

Concert mat der Annie Kraus an der Lynn Orazi, Enseignanten am Escher Conservatoire

Déi weltlech Vokalmusek vum Laurent Menager

Am Kader vun enger Séance académique interpretéiert de Fränkischer Sängerbund Lieder vum Komponist a setzt se an hiren zäitleche Kontext.
Zwou Pianistinne fir ee Piano

Zwou Pianistinne fir ee Piano

Concert mat der Annie Kraus an der Lynn Orazi, Enseignanten am Escher Conservatoire

D'Kinnigin vun der Nuecht als Patientin

D'Classe d'art lyrique vum Stater Conservatoire proposéiert dem Wolfgang Amadeus Mozart seng "Zauberflütt" op eng originell Aart a Weis.

En Orchester fir déi ganz Stad

De Philharmoneschen Orchester Tréier feiert säin 100. Anniversaire.

D'Kinnigin vun der Nuecht als Patientin

D'Classe d'art lyrique vum Stater Conservatoire proposéiert dem Wolfgang Amadeus Mozart seng "Zauberflütt" op eng originell Aart a Weis.

20 Joer Ensembel Lucilin

De Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek kuckt optimistesch an d'Zukunft.

E musikaleschen Aperitif an eng Frell

Beim éischte vun insgesamt sechs Concerts Apéritif steet dem Franz Schubert säi "Forellenquintett" am Mëttelpunkt.

20 Joer Ensembel Lucilin

De Lëtzebuerger Ensembel fir zäitgenëssesch Musek kuckt optimistesch an d'Zukunft.

En neit Departement fir al Musek?

D'Iwwerreechung vun enger Barockgei kéint den zaarten Ufank vun engem Departement fir Al Musek am Stater Conservatoire sinn.

From Broadway to Paris

Den neien Album "American Soul" vum Duo Rosa

En neit Departement fir al Musek?

D'Iwwerreechung vun enger Barockgei kéint den zaarten Ufank vun engem Departement fir Al Musek am Stater Conservatoire sinn.