Radioen

On air

Concert  |  Zwou éischt Sinfonien

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

Musek a Kultur / Klassik Aktuell

/ Homogeen oder dach léiwer individuell?

Homogeen oder dach léiwer individuell?

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

An engem Bléiserquintett spillen ass keng einfach Aufgab. D'Instrumenter vu Klarinett bis Cor hunn alleguerte ganz ënnerschiddlech Klangfaarwen, an et stellt sech d'Fro, ob en homogeene Klang iwwerhaapt d'Zil vun esou enger Besetzung ka sinn. D'Musek kann trotzdeem begeeschteren, virun allem, wann ee se mat Frënn mécht. De 17. November trieden Aarbechtskolleeginnen a -kolleegen aus de Lëtzebuerger Philharmoniker zesummen am Kammermusekssall op a proposéiere Wierker vun Zemlinksy, Brahms an Haas.
Am Interview mam Luc Boentges gëtt de Flüttist Markus Brönniman en Abléck an de Programm an an d'Erausfuerderunge vun dëser Besetzung.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

"Auf der Zunge"

Ee Lieder-Zyklus vum Camille Kerger op Texter vun der Sascha Ley

Heinrich Schütz

De Komponist vum Mount November 2021

Les violons dansants

E Projet fir Geie-Schüler am Stater Conservatoire

Vu Bach bis Bernstein

Den American Horn Quartet trëtt am ArcA zu Bartreng op.

Esch an d'Uelzecht

D'Komponistin Catherine Kontz mat zwee Projete fir Esch 22

Magnifica um Klenge Maarnicher Festival

De Blechbléiserquintett trëtt zesumme mam Solist Oystein Baadsvik op a proposéiert eng Kreatioun vum Georges Sadeler.

Bach, Berio a Beatles

Déi klassesch Band Spark trëtt am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck op.

Esch an d'Uelzecht

D'Komponistin Catherine Kontz an hir nei Projeten
Iwwer Banannen an eng kleng Besetzung an engem grousse Sall

Iwwer Banannen an eng kleng Besetzung an engem grousse Sall

E Gespréich mam Geiist Haoxing Liang iwwer de Lunch Concert vum Kreisler Quartet an der Philharmonie

E Klassik-Hit huet Première

25.10.1875: Uropféierung vum P.I. Tschaikowsky sengem éischte Pianosconcerto
Iwwer Banannen an eng kleng Besetzung an engem grousse Sall

Iwwer Banannen an eng kleng Besetzung an engem grousse Sall

E Gespréich mam Geiist Haoxing Liang iwwer de Lunch Concert vum Kreisler Quartet an der Philharmonie

Den Dirigent Bernard Haitink ass dout

Den hollännesche Maestro ass gëschter (21.10.2021) am Alter vun 92 Joer gestuerwen.

"Eng Offer fir jiddwereen"

Den Orchestre Place de l'Europe ënner der Tutelle vun der Philharmonie
Idées lumineuses

Idées lumineuses

Den éischte Concert vun der Saison mam Orchestre de Chambre du Luxembourg, de 24.10.2021 um 17:00 an der Philharmonie

"Ich habe nie die Melodie verlassen"

De Friedrich Spangemacher mat enger Wierkbiographie iwwer den Tzvi Avni
Vu Bach bis Schütz

Vu Bach bis Schütz

Den Ensembel Ad Libitum proposéiert an der Saison 2021/22 eng ganz Varietéit vu verschiddene Concerten.

China meets Luxembourg Music Journey

Concert am Stater Conservatoire iwwermuer Freideg (22.10.2021 um 19.00)

"Ich habe nie die Melodie verlassen"

De Friedrich Spangemacher mat enger Musekbiographie iwwert den Tzvi Avni

De Marmen Quartett

Concert e Samschdeg, 23. Oktober 2021, um 19.00 Auer am Escher Conservatoire.

Western Balkans Youth Orchestra

En Interview mam Pierre Weber, Project Manager beim WBYO nom aller éischte Concert vum Orchester