Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen. Hei geet et ëm ee mëttelméissege Cineast, deen en Abenteurfilm an Afrika soll dréien an dobäi eng onbekannt Schauspillerin muss casten, an déi hie sech och nach verkuckt. Wat et mam Mann op sech huet, deen direkt am éischte Saz plakeg aus enger Fënster fält, gëtt een dobäi vläicht gewuer - wien den Echenoz kennt, weess, datt dat awer am Endeffekt e bëssen egal ass, well hei déi wansinneg geschlaffe Sprooch am Zentrum steet. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies a gëtt eis en Abléck an d'Welt vum Jean Echenoz.
arrow_back_ios
Kultur
Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Filmkritik: ''Was wir wollten'' (Netflix)
Eng Koppel muss sech an der Vakanz mam onerfëllte Kannerwonsch auserneesetzen ... Ee liichten Drama vun der Éisträicherin Ulrike Kofler.
E Cineast op der Sich no der Luucht
A senge Memoirë beschreift den amerikanesche Realisateur Oliver Stone déi 40 éischt Jore vu sengem Liewen, bis zu sengem Duerchbroch zu Hollywood.
Dat villfältegt Wierk vum Franz Ruf
Zu Esch sinn am Moment Wierker vum Lëtzebuerger Kënschtler a Grafiker Franz Ruf ausgestallt, dem Gewënner vum Prix Grand-Duc Adolphe 2019.
"statt einer ankunft" ...
... gouf et den éischte Präis am Nationale Literaturconcours 2020 fir d'Dichterin Ulrike Bail.
Iwwer den Doud vum Schrëftsteller John le Carré
"Ech probéiere fir d'Victimmen ze schreiwen, wärend anerer fir d'Helde geschriwwen hunn", sot den David Cornwell alias John Le Carré (1931-2020).
Den Adriano Amaral hannerfreet d'Natur vu Matièren
Den Adriano Amaral gëtt senge Skulpture bewosst keen Titel, fir datt de Spectateur sech selwer eppes dozou denken an afale loosse kann.
De Claude Conter an d'Nationalbibliothéik
D'Nationalbibliothéik ass net just e Raum, an deem ee Bicher kann ausléinen a liesen, mee villes méi!
The Museum Project am MNHA
Mat generéisen Done soen eng Dosen amerikanesch Fotokënschtler als "The Museum Project", Kulturhaiser, déi d'Fotografie ënnerstëtzen, Merci.
